Et Geet Dach!

Egalitéit zu Lëtzebuerg - wéi ass et haut, wéi war et gëschter, a wat erhoffe mir eis fir muer? Fräi a riicht eraus, op Lëtzebuergesch oder Franséisch, d'Morena Luisi schwätzt an dësem Podcast iwwert d'Evolutioun vun der Chancegläichheet an diverse Felder. Eng Zesummenaarbecht mam MEGA, dem Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité.

Et Geet Dach!

Latest episodes

#3 Haislech Gewalt

More episodes

50 min

#2 Egalitéit a Kultur

Ass dir schonn opgefall, dass et an der Lëtzebuerger Rap-Zeen quasi keng Frae gëtt? Wisou ass dat esou? Fënnt een dee Phänomen och am Theater erëm? A wéi ee Wee kënne mer als Gesellschaft goen, fir dat Ganzt z'equilibréieren?

An dësem Episod schwätzt d'Morena Luisi mat senge véier Gäscht iwwert d'Egalitéit am Beräich vun der Kultur. D'Carole Lorang ass d'Directrice vum Escher Theater. De Maz Univerze ass Rapper a Songwriter. D'Nicool mécht Hip-Hop op Lëtzebuergesch, fir déi méi kleng och ënnert dem Numm Nikki Ninja. Den Tom Hecker, méi bekannt ënner Tatta Tom, ass Travesti-Kënschtler.

45 min

#1 L'égalité dans la prise de décision

Pourquoi les femmes sont-elles encore sous-représentées dans les postes à responsabilité, les quotas ont-ils un impact positif et le Luxembourg évolue-t-il dans le bon sens, à un bon rythme ?

C'est ce dont discute Morena Luisi, accompagnée de quatre invité·e·s, dans le premier épisode de ce tout nouveau podcast. Anne-Pascale Malréchauffé est Executive Board Member chez Clearstream Banking. Fernand Ernster est le fondateur de la Librairie Ernster et Président de la Chambre de Commerce. Isabelle Schlesser est la directrice de l'Agence pour le développement de l'Emploi (ADEM). Rita Knott est la directrice de l'International Female Board Pool.